DescriptionPos Stolpersteng, 54, Rue de Macher, Réimech, Lex Delles.jpg
Lëtzebuergesch: Vrum Krich hunn zu Réimech fënnef jüddesch Famille gewunnt. Dräizeng Mënsche vun hinne goufen ëmbruecht, nëmme fënnef hunn den Holocaust iwwerlieft - alleguerte ware si Affer deene bis dohi vun offizieller Säit net geduecht gouf. Dofir huet d'Stad Réimech als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" de 24. Juni 2016 fir déi Doudeg siwwenzéng Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss.
D'Stad Réimech, de Buergermeeschter Henri Kox, d'Membere vum Schäffen- a Gemengerot an aacht Lokalassociatiounen hunn de Parrainage vun dëse Steng iwwerholl. Den nämmlechten Dag huet d'Gemeng an Zesummenaarbecht mat der asbl MemoShoah Lëtzebuerg eng Plaz fir d'Affer vun der Shoah ageweit. Domat ass Réimech déi éischt Uertschaft am Land déi sou ausdrécklech hir fréier jüddesch Awunner éiert.
D'Verleeung vun de Stolpersteng huet beim Haus op Nr 54 an der Rue de Macher ugefaang. De Munnerefer Buergermeeschter huet der Zeremonie bäigewunnt.
D'Famill Deichmann-Aron huet vun 1934 bis 1938 op där Plaz gewunnt. 1938 huet d'Koppel sech getrennt an den Kurt Deichmann (1907 zu Algrange gebuer) ass no Brasilien ausgewandert. D'Alice Deichmann-Aron (1903 zu Nürnberg gebuer) ass nom preiseschen Iwwerfall op Lëtzebuerg mat hirer Duechter Marion a Frankräich geflücht. Si gouf do verhaft an am Camp vun Drancy internéiert, vu wou si 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht gouf. D'Marion Deichmann huet de Krich iwwerlieft an hir Liewensgeschicht ënner dem Titel Je voudrais que son nom apparaisse partout verëffentlecht.
to share – to copy, distribute and transmit the work
to remix – to adapt the work
Under the following conditions:
attribution – You must give appropriate credit, provide a link to the license, and indicate if changes were made. You may do so in any reasonable manner, but not in any way that suggests the licensor endorses you or your use.
share alike – If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same or compatible license as the original.